Kontakt

Koordinatioun (Organisatioun vun Late Night Bussen, Froën, Informatiounen)

Maurice Losch (Präsident Late Night Bus Norden)
e-mail: maurice.losch@latenightbus.info

Webmaster (Design a mise à jour vun de Linken)

Frank Thillen (Präsident Denkfabrik Nordstad)
e-mail: frank.thillen@nordstad.org

Statistik (Link .pdf)

Info

Fir Läit sécher an d'Nuetsliewen an nees heem ze beförderen gett et schons seit enger Rëtsch Joëren am städtischen Raum Nightlife Liniebusser um Weekend. Dës Busser fueren am Prinzip ëmmer nom nämmlichten Horaire. (Feiler op der Kaart)

Am Mee 2001 huet d'Denkfabrik Nordstad zesummen mat Jugendklipp a Gemengen aus der Regioun Dikrech-Ettelbréck ugefaangen och Late Night Busser am ländliche Raum anzesetzen. D'Organisatioun ass hei vill méi opwendig well ëmmer aaner Baler op aanere Plaazen ugefuer gin. Ab 2004 ass de Modell Nordstad an aaneren ländlichen Regiounen mat Erfolleg ausprobéiert gin. No an no guff dat ganzt bal flächendeckend. Am Norden huet seit Januar 2006 de neie Verein "Late Night Bus Norden asbl" d'Koordinatioun fir Nordspëtzt, Nordstad an Atert iwwerholl.

D'Late Night Bussen gin haaptsächlich vun de Gemengen finanzéiert mat seit 2005 bis zu 50% Subside vum Transportministär. Derniewt hëllefen verschidden Sponsoren.

Wann een Late Night Bus op der Kaart feelt, da mailt eis di betraffen Gemengen & de Link wu d'Horairen stinn.

)

LinkLogos

Wann der wellt op eis Säit www.latenightbus.info verlinken da benotzt wa méiglich een vun dësen Logoën.