UFROO fir ee Late Night Bus op ee Bal am Norden

D'Asbl Late Night Bus Norden mecht d'Koordinatioun a folgenden Regiounen

  1. Nordstad (région centre-nord: Diekirch/Ettelbruck) Logo_Nordstad
  2. Nordspëtzt (région nord: Clervaux/Wiltz) Logo Nordspëtzt
  3. Atert (région ouest: Redange) Logo Atert

PRINZIP (voir aussi Règlement officiel)

D'Baler wou de Late Night Bus fiert gin 2 mol am Joer vun Jugendlichen erausgewielt.

Dofir mussen d'Baler jeweils virun Enn Oktober fir d'Periode Januar-Juli an virun Enn Mee fir d'Periode August - Dezember beim Koordinator Maurice Losch e-mail: candidature@latenightbus.info gemeld gin mat folgenden Informatiounen:

  1. Organisator & Adress & Telefonsnummer
  2. Datum & Plaatz
  3. Numm vum Bal a vum Orchester
  4. Numm a Gréisst vum Sall, wivill Leit (realistisch) erwaart gin

Dir kritt per Post bestätigt op de Bal zréckbehalen gin ass an eng kleng Bedeeligung un de Käschten je no gréisst vum Bal gett verlangt.

D'Flyeren mam Bal a mat den Horairen gin vun Late Night Bus Norden ausgeschafft, gedréckt, verdeelt an online publizéiert. Och um Radio a Nordliicht gin d'Late Night Busser ugekennigt. Do soën mir eise Sponsoren een décke MERCI !!

De Logo vun der jeweiliger Late Night Bus Regioun an de Link www.latenightbus.info muss op d'Plakat, Virverkaafsticket, Reklamm asw. drop kommen.

D'Late Night Bus Benotzer kréien den Entrée zum Virverkaafspreis.

Et ass wichtig dat dës Prozedur agehaal gett, soss ass dës éierenamtlich Koordinatioun net méiglich !